D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :
Een Techniker am IT-Beräich (m/f/d)
CDI 30 – 40 Stonnen/Woch
Réf. : ADM - IT
Aufgabeberäich
- Dir assistéiert d’Uwender an allen IT-Froen op de verschiddene Standuerter vun der Fondation Kannerschlass
- Dir verwalt an der Zesummenaarbecht mat eisem IT-Fournisseur a eisem Telefonie-Ubidder, d’Informatik- a Kommunikatiounssystemer vun der Fondation Kannerschlass
- Dir maacht de Suivi vun de Bestellungen am IT-Beräich
- Dir installéiert a configuréiert d’informatescht Material (PC, Drécker, Programmer, asw.)
- Dir bitt den Uwender intern Formatiounen am Ëmgang mam informatesche Material un
- Dir sensibiliséiert d’Uwender fir d’IT-Sécherheet
Erfuerdert Qualifikatiounen
- Dir hutt e gudden Ëmgang mat Mënschen a kënnt nolauschteren
- Dir hutt zolidd Kenntnisser am Beräich Betribssystemer vu Microsoft
- Dir verfüügt iwwert e Basiswëssen am Beräich Server-Administratioun (active directory, exchange, asw.)
- Dir kënnt souwuel eleng wéi och an enger Ekipp schaffen
- Dir sidd bereet Iech weider ze bilden
- Dir schwätzt a schreift fléissend déi dräi Landessproochen
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.
$ads={1}